+ All Categories
Home > Documents > gw pk2 déifferdeng...Title gw_pk2_déifferdeng.indd Created Date 9/27/2017 3:29:09 PM

gw pk2 déifferdeng...Title gw_pk2_déifferdeng.indd Created Date 9/27/2017 3:29:09 PM

Date post: 16-Oct-2020
Category:
Upload: others
View: 1 times
Download: 0 times
Share this document with a friend
8
de pefferkär Gemengewalen 2017 D'Alternav fir Déifferdeng Inhaltsverzeechnes Firwat sollt Där e Sonndeg d’ADR wielen? Säit 1 Gra�s ëffentlechen Transport a keng Autos- Schikanen Richteg wielen Säit 2 Bezuelbare Wunnraum mat Kapp a Verstand! Fir da� all Bierger a senger Gemeng ka matschwätzen! 6 Prioritéite fir eis Gemeng D’Regierung rei� sech d’Hänn! Säit 3 Ëffentlech Sécherheet ass Sécherheet fir Jid- dereen! Beim Zuch- a Busabonnement hëllefen Eng jugendlech Gemeng Member-Formular Säit 4 30 Fudder Waasser gra�s op de Kapp géint deier „gréng“ Gemengepoli�k Historesch an architektonesch Schätz fleegen! Alterna�v parken Säit 5 Wat sinn d‘Alterna�ve fir Är Gemeng? De Re�ungsdéngscht a sécher Gebaier ... Alterna�v Verëffentlechungen Alterna�v Mobilitéit ... Alterna�v Energie? Säit 6 Zäit fir alterna�ve Wuesstem Politesch Schäinhellegkeet an der Wuesstemsfal Säit 7 Eis Kandidate fir Är Gemeng Säit 8 D'Alterna�v fir Är Gemeng! Firwat sollt Där e Sonndeg d’ADR wielen? D’ADR ass eng sozial engagéiert Partei, déi d’Wäerter, d’Kultur an d’Sprooch vum Lëtzebuerger Land vertrë a verdeedegt. Mir maachen eis staark dofir, da eis Lëtzebuerger Tradiounen an eis Ma- néier mateneen ze liewen dem Land a senge Bierger erhale bleiwen. Net nëmmen um naonalen Niveau, mee och um kommunalen, triede mir a fir d’Rechter vum Eenzelen an de Respekt vun der Demokrae. Eng gu Gemengeféierung këmmert sech ëm d‘Sécherheet an d‘Biergerbedeelegung. D’ADR setzt sech a fir passend Sécherheetsmoossnamen an all Gemeng. Mir ginn eis net zefridden, bis all Mënsch sech hei am Land nees sécher fillt a séch iwwerall ouni Angscht beweege kann, an dëst och zu spéider Stonn. A punkto Biergerbedeelegung fanne mir et méi wéi traureg, da bis elo Gemengepolik dacks iwwert d’Käpp vun de Leit ewech gemaach gouf. D’ADR wëllt d’Ge- mengen zesumme mat hiren Awun- ner gestalten, an als hir Vertrieder d’Gemeng geréieren, am plaz ze dirigé- ieren. Aus dësem Grond fuerdert d’ADR kloer de Referendum op kommunalem Niveau a mé- cht sech staark géint Korrupoun a Veernwirtschaſt an der Polik. Zesumme mat den Awunner wëlle mir eng Gemeng schafen an erhalen, déi net just be- wunnbar ass, mee och déi néideg Liewensqualitéit bi. Dëst mat engem Wunnraum, deen d’Leit sech leeschte kënnen, ouni dofir mussen u Liewensqualit- éit anzebéissen. D’ADR mécht Polik, déi sech no de Bedierfnesser vun de Leit riicht an net ëmgedréint. Mir sinn dofir fir eng realistesch an effizient Ëmweltpolik, déi net duerch realitéitsfriem Normen a Virschrëſten de Leit an der Gemeng d’Bezuele vu Wunnraum onméiglech mécht. D’ADR wäert beim Erhale vu wäertvoller Bau- substanz hëllefen, an net d’Renovéieren an d’Baue mat iwwerspëtzte Reglementer onméiglech maa- chen. D’ADR mécht Polik fir d’Leit a mat de Leit. Weider nach wëlle mir verhënneren, da de Staat iwwert de Käpp vun de Gemengen ewech Entschee- dungen trë, mat deenen d’Gemengen an hir Awunner direkt konfrontéiert sinn. Sou wäerte mir et net hinhuelen, da de Staat, ouni der Gemengen an hiren Awunner hiert Zoustëmmen, e Flüchtlingsfoyer an enger Gemeng ariicht. Mir als ADR maachen eng kanner- a familjefrënd- lech Gemengepolik. Mir fërderen héichwäer- teg Crèchen, fuer- deren awer, da d’Elteren och ëmmer d’Méiglechkeet hunn, hir Kan- ner mat der né- ideger Zäit an Opmierksamkeet doheem erzéien ze kënnen. Mir s fir eng Gemengeféierung, déi maximal sozial ass, bei där kee Mënsch vergiess gë, och net eis eeler Matbierger, déi mat Krankheet oder Behënnerung. D’ADR wäert sech dofir staark maachen, da d’Gemengefinanze kompetent, sozial a mat Ver- stand gereegelt ginn. Da kënnt et net zu deenen onnëtzen an onsozialen Erhéijunge vun Taxen. Be- stoend Taxe wäerte mir no soziale Kritären upassen, sou da et hei eng méi gerecht Verdeelung wäert ginn. Deementspriechend géinge mir dofir suergen, da d’Waassertax sozial berechent gë. Sou hä all Awunner pro Joer e gras Waasser- sockel op de Kapp zegu, an duerno gë de Waas- serverbrauch mat enger progressiv gestaffelter Tax berechent. Domat hä all Bierger säin néidege Grondverbrauch u Waasser ofgedeckt – schliisslech handelt et sech hei ëm e mënschlecht Grondbedierf- nes. Esou eng progressiv Präisstaffelung géing awer gläichzäiteg verhënneren, da déi liewenswichteg Ëmweltressource ouni nozedenke géing ver- bëtzt ginn. D’ADR ass eng jonk a couragéiert Partei, déi hir Iddi- en net just a schéine Sondesriede versprécht, mee och wierklech duerch- setzt a sech honnertprozenteg fir hir Gemengen asetzt. Duerfir: Den 8. Oktober all Stëmm fir d’ADR. Fir eng bes- ser Gemeng. ADR – déi richteg Alternav! ADR: jonk a couragéiert ADR an der Gemeng: zesumme mat den Awunner! Finanzen: kompetent a sozial verwalt! Lëscht 7
Transcript
Page 1: gw pk2 déifferdeng...Title gw_pk2_déifferdeng.indd Created Date 9/27/2017 3:29:09 PM

de pefferkär

Gemengewalen 2017

D'Alternati v fi r Déiff erdeng

InhaltsverzeechnesFirwat sollt Där e Sonndeg d’ADR wielen?

Säit 1Gra� s ëff entlechen Transport a keng Autos-SchikanenRichteg wielen

Säit 2Bezuelbare Wunnraum mat Kapp a Verstand!Fir da� all Bierger a senger Gemeng ka matschwätzen!6 Prioritéite fi r eis GemengD’Regierung rei� sech d’Hänn!

Säit 3Ëff entlech Sécherheet ass Sécherheet fi r Jid-dereen!Beim Zuch- a Busabonnement hëllefenEng jugendlech GemengMember-Formular

Säit 430 Fudder Waasser gra� s op de Kappgéint deier „gréng“ Gemengepoli� kHistoresch an architektonesch Schätz fl eegen!Alterna� v parken

Säit 5Wat sinn d‘Alterna� ve fi r Är Gemeng? De Re� ungsdéngscht a sécher Gebaier ...Alterna� v Verëff entlechungenAlterna� v Mobilitéit ...Alterna� v Energie?

Säit 6Zäit fi r alterna� ve WuesstemPolitesch Schäinhellegkeetan der Wuesstemsfal

Säit 7Eis Kandidate fi r Är Gemeng

Säit 8

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

Firwat sollt Där e Sonndeg d’ADR wielen?D’ADR ass eng sozial engagéiert Partei, déi

d’Wäerter, d’Kultur an d’Sprooch vum Lëtzebuerger Land vertrëtt a verdeedegt. Mir maachen eis staark dofi r, datt eis Lëtzebuerger Traditi ounen an eis Ma-néier mateneen ze liewen dem Land a senge Bierger erhale bleiwen. Net nëmmen um nati onalen Niveau, mee och um kommunalen, triede mir a fi r d’Rechter vum Eenzelen an de Respekt vun der Demokrati e.

Eng gutt Gemengeféierung këmmert sech ëm d‘Sécherheet an d‘Biergerbedeelegung. D’ADR setzt sech a fi r passend Sécherheetsmoossnamen an all Gemeng. Mir ginn eis net zefridden, bis all Mënsch sech hei am Land nees sécher fi llt a séch iwwerall ouni Angscht beweege kann, an dëst och zu spéider Stonn. A punkto Biergerbedeelegung fanne mir et méi wéi traureg, datt bis elo Gemengepoliti k dacks iwwert d’Käpp vun de Leit ewech gemaach gouf.

D’ADR wëllt d’Ge-men gen zesumme

mat hiren Awun-ner gestalten,

an als hir Ve r t r i e d e r d ’ G e m e n g

geréieren, am plaz ze dirigé-

ieren. Aus dësem Grond fuer dert d’ADR

kloer de Referendum op kommunalem Niveau a mé-cht sech staark géint Korrupti oun a Vett ernwirtschaft an der Politi k. Zesumme mat den Awunner wëlle mir eng Gemeng schafen an erhalen, déi net just be-wunnbar ass, mee och déi néideg Liewens qualitéit bitt . Dëst mat engem Wunnraum, deen d’Leit sech leeschte kënnen, ouni dofi r mussen u Liewensqualit-éit anzebéissen.

D’ADR mécht Politi k, déi sech no de Bedierfnesser vun de Leit riicht an net ëmgedréint. Mir sinn dofi r fi r eng realistesch an effi zient Ëmweltpoliti k, déi net duerch realitéitsfriem Normen a Virschrëft en de Leit an der Gemeng d’Bezuele vu Wunnraum onméig lech mécht. D’ADR wäert beim Erhale vu wäertvoller Bau-substanz hëllefen, an net d’Renovéieren an d’Baue mat iwwerspëtzte Reglementer onméiglech maa-chen. D’ADR mécht Politi k fi r d’Leit a mat de Leit.

Weider nach wëlle mir verhënneren, datt de Staat iwwert de Käpp vun de Gemengen ewech Entschee-dungen trëfft , mat deenen d’Gemengen an hir

Awunner direkt konfrontéiert sinn. Sou wäerte mir et net hinhuelen, datt de Staat, ouni der Gemengen an hiren Awunner hiert Zoustëmmen, e Flüchtlingsfoyer an enger Gemeng ariicht.

Mir als ADR maachen eng kanner- a familjefrënd-lech Gemengepoliti k. Mir fërderen héichwäer-teg Crèchen, fuer-deren awer, datt d’Elteren och ëmmer d’Méiglechkeet hunn, hir Kan-ner mat der né-ideger Zäit an Opmierksamkeet doheem erzéien ze kënnen. Mir sti fi r eng Gemengeféierung, déi maximal sozial ass, bei där kee Mënsch vergiess gëtt , och net eis eeler Matbierger, déi mat Krankheet oder Behënnerung.

D’ADR wäert sech dofi r staark maachen, datt d’Ge menge fi nanze kompetent, sozial a mat Ver-stand gereegelt ginn. Da kënnt et net zu deenen on nëtzen an onsozialen Erhéi junge vun Taxen. Be-stoend Taxe wäerte mir no soziale Kritären upassen, sou datt et hei eng méi gerecht Verdeelung wäert ginn. Deementspriechend géinge mir dofi r suergen, datt d’Waassertax so zial berechent gëtt .

Sou hätt all Awunner pro Joer e grati s Waasser-sockel op de Kapp zegutt , an duerno gëtt de Waas-serverbrauch mat enger progressiv gestaff elter Tax berechent. Domat hätt all Bierger säin néidege Grondverbrauch u Waasser ofgedeckt – schliisslech handelt et sech hei ëm e mënschlecht Grondbedierf-nes. Esou eng progressiv Präisstaff elung géing awer gläichzäiteg verhënneren, datt déi liewenswichteg

Ëmweltressource ouni nozedenke géing ver-

bëtzt ginn.D’ADR ass eng

jonk a couragéiert Partei, déi hir Iddi-

en net just a schéine Sondesriede versprécht,

mee och wierklech duerch-setzt a sech honnertprozenteg fi r

hir Gemengen asetzt.Duerfi r: Den 8. Oktober all Stëmm fi r d’ADR. Fir eng bes-

ser Gemeng. ADR – déi richteg Alternati v!

ADR:jonk a

couragéiert

ADR an der Gemeng:

zesumme mat den Awunner!

Finanzen:kompetent a

sozial verwalt!

Lëscht 7

Page 2: gw pk2 déifferdeng...Title gw_pk2_déifferdeng.indd Created Date 9/27/2017 3:29:09 PM

Säit 2 Gemengewale vum 8. Oktober 2017 de Peff erkär fi r Déiff erdeng

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

De Verkéier zu Lëtzebuerg gë� ëmmer méi schlëmm. D‘Gemeng muss e séchert a gläichberech-tegt Mat enee vun alle Verkéiersdeelhueler garan-téieren.

D’ADR huet eng kloer Linn a Saachen ëff entlechen Transport

• Mir trieden a fi r gra� s ëff entlechen Transport fi r jiddereen

• Gemengeneff orten fi r den ëff entlechen Trans-port musse vum Stat ënnerstëtzt ginn

• Den Tram ass keng Solu� oun vum Verkéierspro-blem a mir si géint d’Ubanne vu weideren Uert-scha� en

• Gemenge solle sech esou effi kass wéi méiglech a regionale Reseauen verbannen, dat an enker Ofsprooch mat den Awunner. All Mënsch muss och no der Owes-Virstellung am Kino (also bis Hallefnuecht) nach gu� mam ëff ent lechen Transport heem kommen

• D’Awunner sollen zum Beispill iwwer d’Zuel an d’Plaz vun den Haltestellen an och iw-

wer d’Organisa� oun vum Schoultransport kënne

matschwätzen

• I w w e r w a a -chungskameraen a Bussen an Zich

maachen den ëf-fentlechen Transport

méi sécher

• Individualver kéier muss eng Wiel bleiwenDräi Véirel vun den Trajeten am Land gi mam priva-

ten Auto gemaach. Et ass net un enger Gemeng oder um Stat, dëse private Choix ze kontestéieren oder ze beafl ossen.

D’ADR ass géint Schikanen fi r Autofuerer (iwwer-

driwwen Verkéiersberouegung, kënschtlech Ver-knappung an Iwwerdeierung vu Parkméiglechkeeten, ze knappe Parking résiden� el, ze penibel Kontroll vu Parkziedelen op d’Sekonn ...).

Null Toleranz erwaart deen Automobilist, deen ze séier an der Uertscha� ass, récksiichtslos parkt oder nuets onnéideg Kaméidi mam Auto mécht.

Null Toleranz gëllt fi r Foussgänger a Vëloen, déi sech net un d’Verkéiersreegelen halen.

Onnéideg geféierlech Situa� oune (Bus- oder Vëlos-spueren a Géigerichtung an Einbahnstroossen, Vëlos-spueren op Trë� oiren an a Foussgängerzonen …) wäert d’ADR net bestoe loossen.

Mir garantéieren• en Ausnotze vum ganze méigleche Parkraum

vun der Uertscha�

• eng Reglementéierung vum Parke vu Betribsca-mionne� en ausserhalb vu Wunnzonen

• fl éissende Verkéier op den Haaptverkéiersach-sen an d’Uertscha� an aus der Uertscha� mat, wann néideg, entspriechende Contournemen-ten

• verkéiersberouegt Wunnquar� eren

• gudd Stroosseninfrastruktur a Verkéiersweeër, an dat och fi r Foussgänger a Vëlofuerer

De Vëlo ass an deene meeschte Fäll méi e Sport- a Fräizäitgefi er wéi e Fortbeweegungsmë� el fi r schaf-fen oder akafen ze fueren. Deementspriechend sollte Vëlospisten och méi regional an touristesch gesinn an ausgebaut ginn.

Vëlosservicer, wéi si a verschiddenen Uertschaf-ten bes� nn, géinge vun eis op hiren Notzen an hir Käschte gepréi� ginn. Och de Sécherheetsrisiko du-erch ongeübte Vëlosfuerer, de récksiichtslosen Asaz a Foussgängerzonen, d’Benotze vum Vëlo als Spillsaach an de Vandalismus, deem dës Gefi erer ausgesat sinn, sollen ënnersicht ginn.

Gratis ëffentlechen Transport a keng Autos-Schikanen

Déiff erdeng a seng al Gare, déi dréngend misst frësch gemaach ginn!

ADR:jonk a

couragéiert

Richteg wielen!Dir wëllt der ADR bei dëse Gemengewalen esou

gu� wéi méiglech hëllefen? Eise Walsystem erlaabt Iech dat op zwou Manéieren:

Am einfachsten a séchersten ass ët, de Krees iwwer der ADR-Lëscht schwaarz ze maachen. Esou stellt Där sécher, da� keng Stëmm fi r d’ADR verluer geet. Dir hëlle� allen ADR-Kandidate gläichermoossen.

Wann Där awer ee besser kennt oder besonnesch gu� fannt, kënnt Där Ärem Wonschkandidat och zwou Stëmme ginn. Duerno fänkt dann d’Zielen un: An de Kästecher hannert de Kandidaten kënnt Dir am ganze 19 Kräizer verdeelen, dann hu� Där Äre Stëm-memaximum erreecht. De Krees däer� Där dann NET méi markéieren.

Carlizzi Gilles

Klein Jean

Angelini Valentino

Cabo da Costa Olivia Maria

Carlizzi Nico

Faber Christian

Gasbarrini Olympia

Giannotte Joëlle

Holper-Gilbertz Marie-Josée

Mamer Luc

Melchior Antoine

Müller Christian

Raach Philippe

Raschella Nicodemo

Schroeder Jean-Marie

Seidel Steve

Seidel ép. Klein Viviane

Thoss Gisèle

Valle Mireille

A.D.R - Alternati v Demokratesch Reformpartei

Page 3: gw pk2 déifferdeng...Title gw_pk2_déifferdeng.indd Created Date 9/27/2017 3:29:09 PM

de Peff erkär fi r Déiff erdeng Gemengewale vum 8. Oktober 2017 Säit 3

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

6 Prioritéite fi r eis Gemeng

1. Bezuelbaart Wunnen: D'ADR huet konkret Soluti ounen fi r d'Gemeng!2. Ëff entlech Sécherheet heescht Sécherheet fi r jiddereen: Eis Gemenge brauche méi Police, eis Bierger brauche Kommissariater, do, wou si wunnen.3. Mobilitéit ouni Dirigismus: D'Gemeng organiséiert de Matenee vun Auto, Fouss-gänger a Vëlo. Si mécht net de Choix vum Verkéiersmëtt el.4. Famillje mat Kanner beschtméiglech ënnerstëtzen: Mir brauchen Uertschaft en, wou Kanner sech kënne wuelfi llen an en� alen.5. D’Lëtzebuerger Sprooch als wichtegst Mëtt el zur Integrati oun: Un der Gemeng ass et, eis Sprooch ze verbreeden.6. Flüchtlingen ophuelen, mat Häerz awer OCH mat Verstand: D'Gemeng muss an dëser Fro matschwätzen an d'Decisiounen däerfen net iwwer d'Käpp vun de Bierger ewech geholl ginn.

Fir datt all Biergera senger Gemeng ka matschwätzen!

Bezuelbare Wunnraum mat Kapp a Verstand!

D’politescht Matsproocherecht vum eenzele Bier-ger ass fi r d’ADR ganz wichteg. Mir s� nn dofi r an, da� déi direkt politesch Bedeelegung an d‘Transparenz an der Gemeng erhalen a weider ausgebaut gë� , an-deems:

• de lokale Referendum mat vereinfachte Modali-téiten erméiglecht gë�

• d’Bierger gu� a korrekt informéiert ginn, ënner anerem duerch:◊ d'Interne� wwerdroung an d'Archi véiere vu

Gemengerotsëtzungen◊ objek� v a politesch neutral Be richter vun de

Gemengesëtzunge fi r all Stot an dat net er-éischt Méint no der Sëtzung

◊ Informa� ounsversammlunge viru grousse Projeten a wichtegen Entscheedungen

◊ e lokalen Televisounskanal vun der Gemeng iwwer Kabel-TV an/oder Internet

Der ADR no muss den Déngscht um Bierger fi r d’Gemeng un éischter Plaz stoen. Dowéinst këmmere mir eis dorëm, da� d’Gemeng

• Verwaltungsweeër esou einfach wéi méiglech mécht

• och baussent „normalen” Bürosstonne fi r dës Demarchen op ass

• och fi r staatlech Verwaltunge Biergerfroen ent-géinthuelen an dobäi berode kann

• méiglechst vill Demarchen och iwwer Internet ubi�

• nie� dem online-Format ëmmer och d’Pabeierformat ubi� .

Wat kann d’Gemeng maachen fi r hiren Awunner genuch Wunnengen zu engem bezuelbare Präis ze bidden. Si huet zwou Zorte Klientel: Leit, déi genuch Më� elen hunn, fi r eng eege Wunneng ze fi nanzéi-eren oder ze lounen, a Leit, déi ganz reell fi nanziell Schwieregkeeten hunn, um Lëtzebuerger Wunnengs-maart en Daach iwwert dem Kapp ze fannen. Leit, déi an enger Gemeng lounen, sollte sech kënnen op eng gudd funk� onéierend Loyerskommissioun verloos-sen, déi mat duerfi r suergt, da� si net ze deier bezue-le mussen.

Moossname fi r Leit mat klengem AkommesAll Gemeng soll fi r sech e gewësse Prozentsaz u

gu� iwwer d’Quar� ere verdeelte Sozialwunnengen festleeën fi r keng “Ghe� oen” ze schafen. Gemenge mat ville Sue kënnen an e Fong fi r soziale Wunnengs-bau investéieren.

• D’Prozedur fi r eng sozial Wunneng zougedeelt ze kréien, muss transparent sinn, esou da� jid-dereen ka wëssen, wéini him ka gehollef ginn.

• D’Gemeng soll hire Bierger awer och hëllefe Proprietär ze ginn, z.B. mat Bankgaran� en.

• “Portage foncier” ass besser wéi “Bail em-phythéo� que”.Beim Portage gë� de Bauterrain fi r e symbolesche Betrag gelount, de Kafpräis erfällt no e puer Joer, wann zum Beispill de Bau vum Haus bezuelt ass.

Bei gréissere Projeten am soziale Wunnengsbau soll en Deel Wunnengen fi r Leit reservéiert sinn, déi net genuch verdéngen, fi r eleng ze bauen, awer zevill, fi r vum Stat gehollef ze kréien.

Moossname fi r Leit, déi bauen oder kafen• D’Bauufuerderungen däerfen de Präis vum Bau

net iwwerdriwwen an den Himmel dreiwen. Eng Gemeng däerf net den Haustyp (Passivhaus) bestëmmen.

• D’ADR ass géint staatlechen Zwang an Amëschen a privat Aff ären: Dat gelt och fi r d’Virkafsrecht vun der Gemeng, fi r Baulücken an eidel Wun-nengen. Proprietären däerfen vun hirer Ge-meng net gediirengelt ginn mä si sollen iwwer-zeegt ginn.

• Verkee� eng Gemeng hir eegen Terrainen um fräie Wunnengsmaart, däerf si net Maartpräis-ser froen. Si muss hëllefen, de Präis vum Bau-land bezuelbar ze maachen.

Dat tradi� onellt Lëtzebuerger Bild vum eegenen Eefamilljenhaus ass fi r vill Leit net méi ze bezuelen. Dat wäert de Charakter vun eisen Uertscha� en änne-ren. D’Gemeng muss awer oppassen, da� hire Cha-rakter net vëlleg entstallt gë� . Si muss kucken fi r ën-nert dem Bevëlkerungsdrock na� erlech ze wuessen a weider Liewensqualitéit ze bidden. Si däerf net zur Schlofgemeng oder zur Wunnsiddlung ouni Séil ginn.

Bezuelbaren a liewenswäerte Wunnraum ass beim aktuelle Wuesstem déi Erausfuerderung ...

D‘Regierung reift sech d‘Hänn!Ass Iech eigentlech opgefall, datt de ganze

Summer, an elo nach bis an den Hierscht iwwer-haapt net vun eiser Regierung geschwat ginn ass? Bei hirem Beléift heetsgrad wäert Gambia doriwwer awer och net rose sinn. Esou Gemen-gewale sinn dach och d‘Geleeënheet, fi r Gam-bia ze weisen, wéi beléift d‘Regierung ass.

Tatsächlech steet d’Regierung och an dëse Ge-mengewalen zur Wiel: Et sinn déi nämmlecht Parteien, déi d’TVA erhéicht hunn, déi an de leschte Joren ënnert ecologesche Virwänn och un de Gemengentaxe gedréit hunn, bis vill Leit et bal net méi packen.

Et ass déi nämmlecht Regierung, déi op Wuess tem schwiert, an deenen hir lokal Politi -ker d’Infra strukturen net méi an der Rei gehale kréien a keng bezuelbar Wunneng an hirer Ge-meng kënne presentéieren. Wann d’Gemengen am Ver kéier erstécken, läit dat un deem Wu-esstem, deen d’Regierungsparteie mam bloe Finanzminister a mat de Gambia-Lokalpoliti ker an der Chamber feieren. An de gréngen Trans-portminister kritt de Chaos net an de Grëff .

Et ass d’Gambia-Regierung, déi d’Sti ed for-céiert, ëmmer méi Awunner ze hunn an och dat leschte Stéck Gewan zouzebauen fi r méi Suen ze kréien. Net nëmme schued d‘Politi k de Landgemengen, mee si mäscht d’Haaptstad an d’Gemenge ronderëm an och grouss Süd-gemengen, well si wuessen, obwuel déi haut schonn éischter zevill Awunner hunn, wéi net genuch.

Wann also DP, LSAP an Déi Gréng Iech dat Blot (oder dat Rout oder dat Gréngt) vum Himmel verspriechen oder sech iwwert den Zoustand an der Gemeng bekloen a soen, si kéinten awer net duerfi r, denkt drun, datt si an hir Parteien an der Chamber déi Politi k matdroen, déi hei am Land d‘Problemer mécht!

Page 4: gw pk2 déifferdeng...Title gw_pk2_déifferdeng.indd Created Date 9/27/2017 3:29:09 PM

Säit 4 Gemengewale vum 8. Oktober 2017 de Peff erkär fi r Déiff erdeng

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

Gidd Member an der ADR, a frot och Aër Familljemembren a Frënn, fi r Member ze ginn.

De Joresbeitrag ass fi r eng Persoun 14.-€, fi r e Stot 20.-€, a fi r Schüler a Studenten 5.-€

Numm & Virnumm: ........................................................................

Adress: ......................................................................... ......................................................................... Telefon: .........................................................................

Email: .........................................................................

----------- ausschneiden an un ADR 20, rue de l‘Eau L-1449 Lëtzebuerg schécken ----------- de pefferkärOplag: 9.800Verantwortlech fi r dëse Peff erkär fi r d’Gemeng Déiff erdengass d’Alternati v Demokratesch Reformpartei22, rue de l’EauL-1449 Lëtzebuerg

www.adr.lu

All Mënsch huet e Recht drop, sech a sengem Land, senger Gemeng a sengem Heem sécher ze fi llen! Do-fi r mussen de Stat an d’Gemeng enk zesummeschaf-fen. Bei där Zesummenaarbecht muss d’Gewiicht vun der Gemeng awer rëm méi stark ginn, well dës am nooste mam Bierger a Kontakt steet. Duerfi r setze mir eis duerfi r an, da�

• de Stat an d’Gemeng Hand an Hand schaff en• Themen, wéi z.B. d’Burka-Verbuet, déi just na� -

onal an eenheetlech kënne gereegelt ginn, net däerfen op d’Gemengen ofgewänzelt ginn

• D’Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng an der Police muss awer och méi enk ginn.

Hei maache mir eis staark dofi r, da� d’Gemeng• zesumme mat der Police a mat senge Bierger e

lokale Sécherheetsplang ausscha� , dee reegel-méisseg op seng Effi kassitéit iwwerpréi� gë�

• méi e grousst Matsproocherecht bei der Poli-cepräsenz huet, mat Berécksiichtegung vu de kommunale Policereglementer

• op besonnesch sensibelen, ëff entleche Plaze Ka-meraen installéiert ginn, awer ënner strengen Oplagen a mat Respekt virun der Privatsphär

D’Police muss méi no bei de Bierger. Si soll méi eng grouss Präsenz um Terrain weisen an et däerf net zu rechtsfräien Zone kommen, wou d’Police net higeet. Duerfi r setze mir eis duerfi r an, da� • d’Police déi néideg Moyenen (z.B. de Plazver-

weis) a genuch Leit huet, fi r agéieren ze kënnen• a méi onrouege Quar� ere Kommissariater kom-

men, déi 24 op 24 Stonne besat a fi r d’Bierger accessibel sinn

• d’Police, wann si et wënscht, adequat Lokaler vun der Gemeng zur Verfügung gestallt kri�

D’ADR wäert sech weiderhi fi r d’Konzept vun enger Noperscha� spolice asetzen.

Aarmut an organiséiert HeeschenD’ADR suergt dofi r, da� d’Gemeng effi cace Méig-

lechkeete kri� , fi r organiséiert Heescherei, sou wéi aggressiivt Biedelen ze verbidden. D’fräit Zirkuléiere

vun den Bierger an Europa gëllt, wann dës genuch eege Më� elen hunn, fi r hir Existenz ofzesécheren. Dëst soll och um kommunale Plang agehale ginn. Fir dat ëmsetzen ze kënne, mécht sech d’ADR staark, fi r da� d’Police

• mat der Ënnerstëtzung vun der Jus� z an eventu-ell vun der Douane, déi néideg Moyene kri� , fi r dat organiséiert Heeschen an de Grëff ze kréien

• gewësse Leit e Plazverweis ka ginn, woumat hinnen den Openthalt op bestëmmte Plazen verbuede gë�

• dës Disposi� oun net just bei organiséierten Heeschebanden oder bei aggressivem Biedelen uwende kann, mee och géint aner Banden, kri-minell Organisa� ounen an Drogendealer virgoe kann

Nëmmen esou Moossnamen an deen néidege ge-setzelche Kader kënnen zu enger Verbesserung vun der ëff entlecher Sécherheet féieren.

Der Aarmut muss anescht entgéintgewierkt ginn, wéi Heeschen als e Mënscherecht ze deklaréieren. Fir d’ADR kann dëst keng Léisung sinn. Dofi r ënnerstëtze mir – net just op na� onalem, mee och op kommu-nalem Plang – da� Leit an Nout, déi e Recht hunn, hei am Land ze sinn, gehollef kréien. Als méiglech Moossnamen, gesi mir vir, da� déi Betraff en

• en Ënnerdaach an en würdegt Liewen er-méiglecht kréien, z.B. mat betreitem Wunnen, Nuets foyeren, Vollekskichen, Kaffi s- an Téistuf-fen

• déi an enger spezieller Situa� oun sinn, – Kop-pelen, Leit mat Kanner oder mat Hënn, asw. –gëeegent Léisunge musse proposéiert kréien

• och op kommunalem Plang vu besser koordi-néierten zoustännegen Organisa� ounen betreit ginn

Mat esou Moossname viséiere mir, d’Leit „déi op der Strooss liewen” nees an d’Gesellscha� ze integréi-eren, mat enger Wunneng, enger Aarbecht, an enger reeller Liewensperspek� v.

All Mënsch huet e Recht drop, sech a sengem Land, vun den Bierger an Europa gëllt, wann dës genuch

Ëffentlech Sécherheet ass Sécherheet fir Jiddereen!Mir fuerderen, da� den ëff entlechen Transport

gra� s gë� . Esou laang dat net de Fall ass, soll sécher gestallt sinn, da� déi Leit, déi sech net esou gu� s� nn, esou mann wéi méiglech fi r Zuch a Bus bezuelen.

Fir si ass ee Joresabonnement e ganz deiert Inves-� ssement. Dat ass awer 160 Euro méi bëlleg wéi 12 Mount-Aboën. Dofi r wäert all Gemeng, wou d’ADR eppes ze soen huet, d’Jores-Abonnement fi nan-zéieren hëllefen. Et kann da kamoud am Laf vum Joer zréckbezuelt ginn …

Mir fuerderen, da� den ëff entlechen Transport

Beim Zuch- a Busabonnement hëllefen …

Eng jugendlech Gemeng

D’Drogeproblema� k bei der Jugend blei� leider ak-tuell. Si stellt sozial an och gesondheetlech, fi r de Betraff enen a fi r seng Famill a säin Ëmfeld e grousse Problem duer.

D’ADR setzt sech dofi r an, da� d’Gemeng e spezielle Service schaa� , deen déi betraff e Jugend opfänkt. Dëse Service soll eng diskret Ulafstell bidden, wou betraff e Jugendlecher an hiert Ëmfeld sech kënne beroden an hëllefe loossen. Mir wäerten och Selbsthëllefgruppen an der Gemeng fërderen a probéieren, hinnen esou diskret wéi méiglech Versammlungsméig lechkeeten ze ginn.

Mir suergen dofi r, da� et en ak� ivt Jugendhaus gë� , wou Jonker sech en� ale a beschä� ege kënnen, mat Hëllef vun Educateuren, wa si dat wëllen.

Page 5: gw pk2 déifferdeng...Title gw_pk2_déifferdeng.indd Created Date 9/27/2017 3:29:09 PM

de Peff erkär fi r Déiff erdeng Gemengewale vum 8. Oktober 2017 Säit 5

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

Historesch an architektonesch Schätz fleegen!30 Fudder Waasser gratis op de Kapp

géint deier „gréng“ GemengepolitikSchonn e komescht Gefi ll, wann ee mueres fréi

d’Leit mat hire Grompereschiele gesäit ëm d’ëff ent-lech Dreckskëscht schläichen ... Dreck ass e richteg deiere Spaass ginn. Duer fi r entsuerge Leit hir Resch-ter ëmmer méi dacks an d’ëff entlech Dreckskëschten, déi dann och séier voll sinn, esou da� d’Leit net wës-se wouhi mat deene Saachen, déi daags iwwer esou ewech ze geheie sinn, wann ee net doheem ass.

Gewosst ass, da� praktesch all zweet eleng erzéi-end Mamm de Risiko huet, an d’Aarmut ze falen. Wéi esou eng Mamm mat zwee klenge Kanner an en-gem entspriechende Verbrauch u Wëndelen iwwer d’Ronne soll kommen, wann eis Gemeng hir bei der Poubelles-Tax esou déif an d’Täsch fi ert?

Un deem Beispill erkennt een, wéi ongerecht déi Gemengentaxe sinn. Si treff e jidfereen d’nämmlecht, deen, de sech et ka leeschten an esou Zommen aus dem Aarm rëselt, awer och deen, deen all Mount Problemer huet, fi r iwwer d’Ronnen ze kommen. Dat ass genee wéi d’TVA, déi och den Ënnerscheed net mécht, ob deen deen akee� , räich oder aarm ass. Dës Taxen treff e jidfereen d’nämmlecht, awer si dinn deenen enge méi wéi wéi deenen aneren.

Et war ni esou, da� d’Leit Problemer haten, fi r d’Rechnunge vun der Gemeng ze bezuelen. Et ass awer esou, da� d’Taxepoli� k an eng Richtung gaangen ass, da� d’Leit ëmmer méi déck Rech nunge kri� hunn. No enger grénger Iddi sollten d’Leit reell be zuelen, wat e Ge mengeservice kascht. Dat ono� ängeg do-vun, da� vill Gidder a Servicer, déi d’Gemeng eis ver-

kee� , jo net der Gemeng gehéi ere mee ... och

all deene Leit, déi et deier musse bezuelen.

Zum Beispill d’Waasser, wat

ee fréier selwer un eng Quell siche

gaangen ass. Parallel sinn ëmmer méi streng Riichtwäerter festgesat ginn,

déi d’Liwwerung vun extra propperem Waasser och ëmmer méi deier gemaach hunn. Allerdéngs ass d’Waasser och ëmmer méi belaascht ginn a war méi schwéier drénkfäerdeg ze maachen. Dat war awer net d’Schold vun all Mënsch, mee all Mënsch muss haut fi r déi deier Filteranlage bezuelen.

D’ADR setzt hei un an zwar mat enger sozialer App-roche.

Eis Iddi fi r all Mënsch fi r d’éischt emol 30 Fudder (30.000 Liter) Waas-ser am Joer gra� s ze ginn an de Waasserver-b r a u c h , deen doriw-wer eraus geet progres-siv gestaff elt ze taxéieren, mécht ge-nee dat. Dat Gra� s-Waasser geet ongeféier duer fi r de Verbrauch fi r d’perséinlech Hygiene ze decken. Wat elo am Stot nach ufällt fi r Kachen a Botze kascht e vernën� ege Waasserpräis.

Wien allerdéngs all Dag e Riesegaart netzt (ouni Reewaasser duerfi r ze sammelen), wien all Dag Trë� oir, Gaardemauer a viischt Traap ofsprëtzt an den Auto wäscht an eventuell och nach eng grouss Schwämm hannert dem Haus huet, muss sech be-wosst sinn, da� dee Luxus op d’Waasserrechnung schléit esou bal säi Verbrauch iwwer dem Sockel läit.

• D’ADR setzt sech a fi r de Bierger!• D’ADR denkt an handelt sozial!• Bei der ADR geet d’praktesch Approch

iwwer all blann Ideologie.

D’ADR ass géint Dirigismus iwwert de Portmonni: Mir sinn do fi r dem Bierger ze hëllefen, an net fi r de Bierger mat deieren Taxen ze strofen. Mir halen eis net fi r de d’Schoulmeeschter vum Land ... an ënner-scheeden eis domat vun allen anere Parteien.

Gréng wierkt ... op

de Portmonni!

30 Fudder grati s Waasser

fi r jiddereen

Alternati v ParkenDen Auto parken ass an der Gemeng Déiff erdeng

net grad déi einfachsten Aufgab, wann et souwuel no wéi och bëlleg soll sin. De System vun de „vigne� es résiden� elles“ misst amendéiert ginn. D’vigne� e „D“ misst am ganze Secteur vum Zentrum vun Déiff er-deng gülteg sinn, wat se de Moment net ass, außer-dem sollt de Secteur „Plateau du Funiculaire“ an en aneren Secteur afl éissen, z.B. den Secteur „D“.

De Parking „Contournement“ misst außer-dem käschtefräi zougänglech sinn fi r all Vigne� e (N,D,F,O,PF), dëst géif d’Quar� eren deelweis ent-laaschten.

Walprogramm (Lëtzebuergesch)• h� ps://adr.lu/alterna� v_2017_l/Wahlprogramm (Deutsch)• h� ps://adr.lu/alterna� v_2017_d/Programme électoral (Français)• h� ps://adr.lu/alterna� v_2017_f/Electi on program (English)• h� ps://adr.lu/alterna� v_2017_e/Programa eleitoral (Português)• h� ps://adr.lu/alterna� v_2017_pt/

Der ADR ass et wichteg, da� eng bestëmmte Liewensqualitéit an der Gemeng ginn ass. Dëst steet am direkten Zesummenhang domat, da� en Ëmfeld erhalen oder geschaf gë� , an deem d’Leit sech kënne wuelfi llen. Dozou gehéiert och d’Erhale vun eiser tradi� oneller Bausubstanz a vum Charakter vun de S� ed an Dierfer. Schliisslech ass dëst – nie� der Lët-zebuerger Sprooch – e wichtegen Aspekt vun eiser Iden� téit.

Mir setzen eis dofi r an, da� • regional-typesch Gebaier a Bausubstanze mat

kulturellem Wäert erhale ginn• et kommunal Subside ginn, fi r d’Renova� oun an

d’Sanéierung• d’Gemeng, wann néideg, wäertvoll Gebaier

kee� , fi r den Erhalt ze sécheren• d’Bierger fi r déi kulturell Schätz vun hirer

Uertscha� sensibiliséiert ginn • d’Gemeng dofi r suergt, da� historesch Plazen

net duerch onpassend Konstruk� oune ver-schampeléiert ginn

• mat kierchleche Bausubstanze verantwortungs-voll a respektvoll ëmgaange gë�

Page 6: gw pk2 déifferdeng...Title gw_pk2_déifferdeng.indd Created Date 9/27/2017 3:29:09 PM

Säit 6 Gemengewale vum 8. Oktober 2017 de Peff erkär fi r Déiff erdeng

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

De Rettungsdéngscht a sécher Gebaier ...

Wat sinn d’Alternati ve fi r Är Gemeng?Mir stellen an der Gemeng déi richteg Froen:

Wat notzen zum Beispill déi bescht Regle-menter, wann net genuch Police d'Sécherheet ka garantéieren?

D’ADR ass och géint d’staatlecht Ariichte vu Flüchtlingsfoyeren, ouni datt d'Gemeng an hir Bierger gefrot ginn. Beim Wunnengsbau weess d’Gemeng besser wéi de Stat, wou séi-er ka Wunnraum geschaf ginn.

D’Gemeng ass do, fi r hire Bierger d’Liewen einfach ze maachen. Un d’Beruff s- a Privat-liewen ugepassten Ëff nungszäiten, “Guichet unique”-Funkti oune fi r staatlech a kommunal Froen an Internet-Interakti vitéit sinn do néi-deg.

Op de Gesondheetsniveau iwwerdroen: Eng ADR-Gemeng wäert Drock maachen fi r mat regionalen Dokteschhaiser (an hiren Hausapdikten) eng zäitgeméiss Versuergung, déi de beruffl echen a familiäre Besoine vun de Bierger entsprécht, ze organiséieren.

D‘Gesti oun vun de Gemengefi nanze „en bon

père de famille“ heescht, datt Kreditt er just fi r konkret Investi ti oune opgeholl ginn.

Et ass net un der Gemeng, z. B. iwwer intel-ligent Compteuren, den Energiekonsum vun hire Bierger auszespionéieren.

Realistesche Klimaschutz ass eng Gemenge-prioritéit: D’Nodeeler vun erneierbaren Ener-gien – Kaméidi, Ästheti k, Schied an der Natur, fi nanziell Auswierkungen – däerfen net op de Bierger oder Betriber ofgewänzelt ginn.

D’Gemeng ass awer net do fi r hir Bierger duerch héich Taxen ze zillen oder duerch eng Verknappung vu Parkplatzen, onsënneg Reglementer an aner Schickanen um Auto-fueren ze hënneren.

D’Gemeng soll beim Erhale vu wäertvoller Bausubstanz hëllefen, an net d’Renovéieren an d’Baue mat iwwerspëtzte Reglementer on-méiglech maachen.

D’ADR verdeedegt de Choix vum Bierger a säi Recht, säi Liewen an eventuell säi Betrib no beschtem Ermoossen ze féieren.

Alternati v Verëff entlechungen ...Eist Déiff erdenger „infoblat“, dat eis d’Compte-Ren-duë vun de Gemengerotssëtzungen liwwert, gë� ganz dacks, pardon, ëmmer mat méintelaanger Ver-spéidung no där respek� ver Sëtzung verëff entlecht. D’Bierger vun Déiff erdeng ginn net an Echtzäit iw-wer déi wichteg Sujeten an der Gemeng informéiert. D’ADR fuerdert dofi r, da� d’”infoblat” spéitstens 1 Mount no enger Gemengerotssëtzung ënnert de Leit ass, fi r da� jidderee sech kann informéieren, wat fi r eng Poli� k zu Déiff erdeng gemaach gë� .

Alternati v Mobilitéit ...

Den „Di� us“ ass eng ganz gudd Transportméiglech-keet fi r vill Leit aus der Gemeng, eng gudd Alterna� v zum Auto, fi r déi kuerz Strecken an eiser Gemeng.

Dëst Joër ass en véierten Di� us an de Fuhrpark dobäi komm, den „Express“, eng Inves� � oun, déi net ganz sënnvoll ass. Engersäits absolvéiert dës nei Linn quasi déi selwescht Streck ewéi den Uewerkuerer Di� us. Anerersäits sinn d’Leit, déi op Nidder kuer mussen, weider forcéiert, op den Nidderkuer Di� us ëmzeklammen.

Wat notzen déi bescht Reglementer, wann net genuch Police d’Sécherheet garantéiert?

Alternati v Energie?

Vill Wand gë� gemaach ëm de Wandpark „Diff -WAND“ zu Uewerkuer, dee vill vill Problemer bréngt, awer wéineg Energie! An deenen nächsten zwee Joër soll dee Wandpark um Plateau vum Vesquenhaff zu Uewerkuer entstoen.

Allerdengs gesäit et aus, wéi wann de Projet nach net um Lafe wär: Den ADR-Süddeputéierte Fernand Kartheiser hat an dëser Fro nämlech nogebuert. An eng intressant Äntwert vun der Ëmweltministesch Carole Dieschburg kri� . Dora gë� des laangen an des Breeden erklärt, wat d‘Lëtzebuerger Normen sinn, fi r esou e Park ze installéieren. Normen, déi net hëlle-fen, fi r defi ni� v ze soen, ob esou e Projet um Ves-quenhaff däerf installéiert ginn ...

D‘Käraussoe vum Ministär liest Där hei: „Fir d‘Wandenergieanlagen zu Déiff erdeng gëtt et bis ewell keng Geneemegungsufro. D‘Ëmweltverwaltung huet op Basis vun engem éischten Dossier decidéiert, datt fi r de Projet eng Ëmwelti mpaktetüd (EIE - éva-luati on des incidences environnementales) op Ba-sis vum groussherzogleche Reglement vum 7 Mäerz 2003 gemaach muss ginn. Am Kader vun dëser Etüd ginn déi direkt an indirekt Wierkungen vum Projet op d‘ËmweIt analyséiert a bewäert (...) Ausserdeem musse méig lech Varianten vum Projet duergestallt ginn. (...) D‘Etüd an hir Konklusioune ginn dann am Kader vun der KommodoProzedur matt an d‘enquête publique, wou all Bierger seng Observati ounen kann abréngen.

D‘Decisioun, ob e Wandpark kann geneemegt gin, gët eréischt no der Enquête publique an de Stellung-naamen vun de betraff ene Gemengeréit vun den zoustannegen Ministeren geholl. (...)

Nieft de Simulati ounen a Berechnungen zum Kaméidi an zum Schied gin och Etuden iwwert d‘Auswierkungen vum Déiff erdenger Projet op d‘Natur an d‘Landschaft vum Bedreiwer erstallt, esou wéi daat och bei aaneren Wandparken gemaach gët. Dës betreff en e.a. d‘Flantermais, d‘Vullen, d‘Auswierkungen op Natura 2000 an d‘Landschaft . All des Etuden gin dem Public virgeluet.“

D’ëff entlech Ariichtunge vun enger Uertscha� kën-ne Schutz bidden an zur Sécherheet bäidroen, wa si bestëmmte Kondi� ounen erfëllen. Dowéinst setzt sech d’ADR an der Gemeng dofi r an, da�

• urban Miwwelen (Busarrêten, Bänken asw.) op ëff entleche Plazen op eng Manéier ugeluecht sinn, déi weder donkel Gestalten nach Van-dalen ulackelen

• ëff entlech Gebaier, (d’Gemeng, d’Schoulen, asw.) duerch technesch Moossname wéi Alar-manlagen oder duerch d’Präsenz vu Personal geschützt ginn

• Och de Re� ungsdéngscht spillt eng Roll bei der Sécherheet. O� si Mënschen an Nou� äll – wou et net seelen ëm Liewen an Dout geet – op hir Präsenz a qualifi zéiert Hëllefsleeschtungen ugewisen. Eng na� onal Reform vum Pompjees-

a Re� ungswiesen ass amgaang, iwwer d’Bühn ze goen.

D’ADR begréisst déi grouss Prinzipie vun dëser Re-form, awer mir maachen eis och staark dofi r, da� :

• d’Gemeng hei net u Responabilitéit verléiert, andeems eng ganz Rei vun de Gemengenaufga-ben op den na� onale Plang iwwerdroe ginn

• d’Pompjeesveräiner an deenen eenzelen Dierfer a Quar� eren bestoe bleiwen, fi r wei-derhi méiglechst vill Fräiwëlleger am Re� ungs-déngscht ze hunn dës lokal Krä� e Ënner-stëtzung kréien, fi r Ak� vitéiten an der Gemeng ze organiséieren

Pompjees- a Re� ungswiese si fi r d’ADR e wichtege Bestanddeel vun der lokaler Sécherheet. Dofi r sollen dës Krä� e déi néideg Ënnerstëtzung kréien, fi r sech beschtméiglechst organiséieren ze kënnen.

Page 7: gw pk2 déifferdeng...Title gw_pk2_déifferdeng.indd Created Date 9/27/2017 3:29:09 PM

de Peff erkär fi r Déiff erdeng Gemengewale vum 8. Oktober 2017 Säit 7

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

Déiff erdeng wiisst…a wiisst, 25.611 Awunner huet eis Gemeng zënter Juni 2017. An der Period tëscht 2010 (Ära Meisch) an 2015 (Ära

post-Meisch) ass eis Gemeng, „demographesch“ ge-sinn, mat engem Awunnerplus vun 11,4 Prozent esou vill gewuess wéi an der ganzer Zäitspann vu 1945 bis

zum Joer 2000.W a t

h e e s c h t dat fi r d’Zu kunft vun Dé-

i f ferdeng? Wéi gesäit eis

Stad am Joer 2025 aus? Wéi kann een dee Wuesstum besser geréieren?

D’ADR proposéiert en Wuesstumsmodell, dee méi op Qualitéit baut a manner op Quan� téit. Et gë� vill gebaut, an dat ass favorabel, et schaa� Räichtum an an Aarbechtsplazen. Dëst muss awer op Basis vun enger intelligenter an qualita� v interessanter Ver-deelung vun Infrastrukturen, Kultur a Mobili téit ge-schéihen.

Liewensqualitéit verbesseren, an dat uechter d’Ganz Gemeng muss d‘Zil sinn, an dat op laang Dau-er. Nei Citéë wéi zum Beispill „Mathendahl II“ sollten mat engem „Shared Space“ ausgesta� gin. Vill gréng Fläschen sollten dobäi aménagéiert gin, eng adequat verbidung zum Di� us sollt enstoen an sou Cité-en dierfen net an Saakgaassen enden, mee un ver-schiddenen Punkten un d’existeierend infrastruktur ugeschloss gin sou dass eenzel Verkéiersooderen net wieder onnéideg belaascht gin.

Och schon existent Citéen dierfen a punkto Lie-wensqualitéit näischt abéissen, ee Beispill heivir ass d’Spillplaaz an der Rue des Ligures zu Nidderkuer, déi Plaaz muss man fi r Sozialwunnengen, wat a punkto Soziale Mix secher keng schlecht idee ass, mee de fakt dass Gréngfl ächen a Spillplaazen verschwannen mussen fi r „Baulücken“ ze fëllen ass net déi richteg Poli� k.

An dobäi kënnt nach dass déi Spillplaaz déi ver-schwonnen ass, e puer 100 meter méi wäit opgebaut gin ass, op enger kritescher Plaaz, souwuel fi r déi Leit déi do Wunnen an och fi r D’Kanner selwer, nämlech tëscht Privatgärt an dem Schinnennetz.

Zäit fi r alternati ve Wuesstem

Déiff erdeng wiisst a wiisst a gëtt zesummegestéckelt ...

25.611 Awunner huet

eis Gemeng

Déiff erdenger Wuesstem (déi blo Linn): Di Ziff ere weise stracks no uewen, mat alle Problemer, déi domat verbonne sinn. D’Graphik ass aus enger Etude vum Insti tut européen de Recherche, de Développement et

d’Acti on iwwer Szenarien vun der Bevëlkerungsentwécklung bis 2025.

Wat kloen eis Gemengepoli� ker zu Déiff erdeng an och an aner Uertscha� en! A wat stëmmen si an der Chamber äifreg fi r eng Poli� k, déi de gréissten Deel vun deene Problemer ausléist!

Anescht wéi aner Länner wiisst d’Wirtscha� zu Lëtzebuerg och a Krisenzäiten. Dat ass eent vun den Haaptziler vun der Lëtzebuerger Poli� k, en Zil, dat een awer méi genee misst ënnert d’Lupp huelen.

Esouguer a Kriisejoren ginn zu Lëtzebuerg nach eng 10.000 Aarbechtsplaze geschafen, a bei véi-er Prozent Wirtscha� swuesstem sinn et der gu� 15.000.

De Gros vun deene Aarbechtsplaze gë� vu Grenz-gänger besat, well hei am Land anscheinend déi néi deg Qualifi ka� oune feelen. 80 Prozent vun de Grenzgänger komme mam Auto op hir Aarbecht, well den ëff entlechen Transport net déi néideg Ka-pazitéiten huet oder well si net mam ëff entlechen Transport vun doheem op hir Aarbecht kommen. Dat mécht am Schnë� ronn 8.000 zousätzlech Au-toe pro Joer aus. Een Auto bedeit sechs Meter am Stau. An anere Wierder gë� eist Stroossenetz mat 8.000 Autoen mat bal 50 Kilometer Stau pro Joer-weider belaascht - iwwer den Dag verdeelt.

Wa mer eng Poli� k maachen vu weiderem stram-me Wuesstem gë� de Verkéierschaos vun Dag zu Dag méi grouss an déi eenzel S� ed an Uertscha� en mat Autoslawinen erstéckt.

Genausou verhält et sech mat der Wunnengspro-blema� k. Wa mir esou vill Aarbechtsplaze schaafen an d‘Leit all Dag am Stau s� nn, ass et eng logesch Konsequenz, da� déi méi no bei hir Aarbecht wël-le wunne kommen. Duerfi r gë� den Drock op de Wunnengsmaart vu Joer zu Joer méi grouss, an d‘Präisser, wéi an de leschte Joeren, praktesch ëm 5 Prozent pro Joer klammen.

Net nëmme ginn duerch Industriezonen d‘Wisen zoubetonéiert, mee dës Poli� k dréit och nach zu engem zousätzleche Verkéiersopkomme bäi. Mat dëser Poli� k wäert an de nächste Joeren de Verké-ierschaos vun Dag zu Dag méi grouss ginn.

Schäinhelleg ass et duerfi r, wann d‘Parteipoli� ker an der Gemeng versichen, sech de schéi ne Männ-chen bei hire Bierger ze maachen, a sech opreegen iwwer de Verkéierschaos, deen Dag fi r Dag an dësen Uertscha� e méi grouss gë� .

Et sinn awer déi nämmlecht Poli� ker, déi op Ge-mengeplang matdecidéiert hunn, déi Industriezo-nen do ze implantéieren an op na� onalem Plang als Deputéierten d‘Poli� k vun engem maximale Wuess-tem blannemänneches ënnerstëtzen.

Politesch Schäinhellegkeet an der Wuesstemsfal

Hutt Dir Froen oder Ureegungen oder wëllt Dir bei ons akti v matschaff en, dann zéckt net a ru� un, ënner der Nummer:

+352 26 20 37 06

Froen?Ureegungen!

Matschaff en!

Page 8: gw pk2 déifferdeng...Title gw_pk2_déifferdeng.indd Created Date 9/27/2017 3:29:09 PM

D'Alternativ fir Déifferdeng!

D'Alternativ fir Är Gemeng!

Carlizzi Gilles23 Joer, Nidderkuer

Student

Valle Mireille28 Joer, Fousbann

Salariée

Seidel, Steve30 Joer, Uewerkuer

Chauffeur

Seidel ép. Klein Viviane42 Joer, Uewerkuer

Salariée

Thoss Gisèle52 Joer, Nidderkuer

Hausfra

Raschella Nicodemo61 Joer, Nidderkuer

Pensionéiert

Raach Philippe22 Joer, Uewerkuer

Elektriker

Schroeder Jean-Marie53 Joer, Déifferdeng

Pensionéiert

Müller Christian50 Joer, Déifferdeng

Salarié

Melchior Antoine73 Joer, Uewerkuer

Pensionéiert

Gasbarrini Olympia59 Joer, Fousbann

Geschäftsfra

Faber Christian29 Joer, UewerkuerGemengenemployé

Cabo da CostaOlivia Maria

38 Joer, DéifferdengSalariée

Carlizzi Nico57 Joer, Nidderkuer

Pensionéiert

Klein Jean75 Joer, Uewerkuer

Pensionéiert

Giannotte Joëlle36 Joer, Fousbann

Salariée

Holper-GilbertzMarie-Josée

73 Joer, UewerkuerPensionéiert

Mamer Luc35 Joer, Nidderkuer

Vendeur

Angelini Valentino44 Joer, Nidderkuer

Geschäftsmann

Lëscht 7


Recommended